Am drëtten a leschten Deel vum Podcast Drëtt Hallschent mam Manu Cardoni geet et haut ëm seng aktiv Karriär. 1996 war hien vun der Jeunesse op Leverkusen gewiesselt. De Lëtzebuerger Nationalspiller krut sech allerdéngs net duerchgesat an huet a senger éischter Saison just 1 Match gespillt. Och wann de Futtball sech haut par rapport zu deemools geännert huet, goufen et awer och Parallellen.

31/01/2025 10h40 Podcast Drëtt Hallschent Manu Cardoni