De Weekend steet an der Coque nieft den Partie vun der Lëtzebuerger Tennis-Davis-Cup-Ekipp och den Euro-Meet um Programm. Wéi och déi leschte Jore sinn de Freideg, Samschdeg a Sonndeg nees national wéi och international top Schwëmmer a Schwëmmerinnen mat dobäi, Sam Rickal.

30/01/2025 18h40 Virschau op den Euro-Meet ok / Rickal

Erausstécht bei den Häre sécherlech den Nicolo Martinenghi. Den Italieener hat bei den olympesche Spiller zu Paräis d'Goldmedaille op den 100 Meter Brasse gewonnen an ass an der Coque de grousse Favorit. Bei Damme sinn d'Aen op d'Vize-Weltmeeschterin Helena Rosenbahl Bach op den 200 Meter Papillon geriicht. Fir de Lëtzebuerger Nationaltrainer Christophe Odo gëtt sportlech eppes gebueden.

Aus Lëtzebuerger Siicht sinn ënner anerem de Julien Henx an den Joao Carneiro mat dobäi. Dee Leschtgenannten hat d'lescht Joer en neie Lëtzebuerger Rekord op den 100 Meter Brasse am klenge Baseng opgestallt. Allerdéngs hat den Joao Carneiro keng einfach Preparatioun.

E Freideg de Moien geet et lass mat den Qualifikatiounscoursse fir d'Finallen.Den Nationaltrainer Christophe Odo spléckt säi Schwëmmer-Grupp an zwee. Engersäits de Julien Henx an den Joao Carneiro, fir déi et drëm s geet wichteg Punkten, fir déi grouss Evenementer  ze sammelen.

Fir de Lëtzebuerger Nationaltrainer Christophe Odo ass den Euro-Meet donieft eng Aart Standuert-Bestëmmung fir ze kucken, wou den Lëtzebuerger Schwammsport par Rapport zum Ausland drun. Wéi sech déi Lëtzebuerger Schwëmmer aus der Affär zéien, gi mir de Weekend gewuer. 

Den Euro-Meet kënnt dir bei eis op RTL.lu am Livestream kucken. D'Finallen Sonndes dann och op der Tëlee um RTL Zwee.