Dëse Weekend stoung am Lëtzebuerger Handball d'Coupe de Luxembourg am Mëttelpunkt. Iwweraschungen  goufen et keng och wann bei den Hären den Titelverdeedeger Esch eliminéiert ginn ass.  Bei den Dammen sinn  d'Favorittinen all eng Ronn weider.

09/02/2025 Band Handball 12h20

Di ronn 4 00 Spectateuren hunn zu Crauthem eng ganz hektesch Ufanksphas gesinn wou schonn no 10 Minutten de Bierchemer Ben Brittner wéinst engem  ongléckleche Feeler d'Rout Kaart gewisen kritt huet. Kuerz drop ass Esch eng éischte Kéier a Feierung gangen. Deen Avantage konnten se bis an d'Paus halen . D'Säiten sinn mat 11-12 gewiesselt ginn .

No 34 Minutten hat d'Lokalequipe mol nees eng Kéier d'Nues vir. Ennert dem Impuls vum Lé Biel hat de Champion 12 Minutte  viru Schluss  sech e Virsprong vu 5 Goaler erausgespillt.

Dëse Retard kruten di Escher net méi opgeholl an domat steet den Titelverdeedeger  eng éischte Kéier zanter 2018 net am Final 4. Et hätt net sollen sinn esou de Yann Hippert

CUT HIPPERT

Um Enn gëtt et eng 30-24 Victoire fir de Charel Brittner a Co.

CUT BRITTNER C.

Di aner 3 Partien war net esou spannend .Diddeleng huet kuerze Prozess mat Dikrech gemaach a gewënnt 34-14. Käerjeng klappt Remeleng 30-22 an d'RedBoys hunn sech um Standard mat 30-23 duerchgesat.

E Freideg hat sech bei den Dammen den Doublé-Gewënner Diddeleng bei de Red-Boys behaapt. Geschter huet Käerjeng sech mam vill Krämpes mat 6 Goaler Ecart  géint Esch duerchgesat. 

De Käerjenger Trainer Dan Mauruschatt.war just mat der Qualifikatioun zefridden

CUT Mauruschatt

Serréiert war et  teschent dem Museldall an dem Standard. D'Equipe vun der Musel setzt sech mat 32-29 duerch an de Chev Dikrech huet kuerze Prozess mat Réiden gemaach.

De Final 4 ass vum 22-26 Abrell am Gymnase vun der Coque