Gëschter war am Fussball de Spëtzematch vum 17. Spilldag programméiert.
No engem wéineg spektakuläre Duell huet de Champion FC Déifferdeng mat 1:0 beim Tabellenzweeten Diddeleng gewonnen.
No dëser Victoire huet den FC Déifferdeng elo 10 Punkte Virsprong op den zweeten F91 Diddeleng.
Et wäert méi wéi schwéier ginn den Déifferdenger den Championstitel ewech ze huelen Serge Olmo...

16/02/2025 8h50 Resume F91-FC Deifferdeng

Den F91 a neien Trikoten war no knapp 15 Sekonne bal a Féierung gaangen wéi den Defenseur Théo Brusco vun Déifferdeng bal e Selbstgol fabrizéiert hat.
De gespaarten Trainer vum Champion Déifferdeng Pedro Resende hat de Match a déi Aktioun net vun Tribün aus erlieft well hie krank ass.
An der 14. Minutt huet de Diddelenger Kapitän Samir Hadji e Kaddo gemaach. Den neien Mann vum FCD André Mendy huet den 0:1 markéiert.
Den neien Déifferdenger Stiermer huet de Gol natierlech genoss.
Cut André Mendy
Ech hunn et appreciéiert mäin éischte Gol geschoss ze hunn, well ech dat vum éischte Match u wollt. Et ass eng Victoire, déi mir als Ekipp gewonnen hunn, an dat ass eppes, wat ech appreciéieren. Ech sinn an enger Ekipp ukomm déi scho staark war. Ech sinn do fir ze hëllefen an et ass gutt, eng Ekipp wéi déi ze fannen. Et ass méi einfach sech unzepassen, wéi d'Konditioune do sinn, an d'Iddi vum Coach hëlleft eis fir Ännerungen duerchzeféieren.

Virun 755 Spectateuren an op engem Terrain deen net an engem gudden Zoustand war goufen et bis d'Paus ganz wéineg Golaktiounen.
An der Nospillzäit vun der éischter Halbzeit huet Diddeleng den Drock erhéicht mee ouni effikass ze sinn.
D'Gäscht hätten no 68 Minutten de Sak kënnen zou maachen no engem Schoss vum Adham El Idrissi. De Kipper Didier Desprez war do.
Eng Véierelsstonn viru Schluss krut den Mehdi Kirch vum F91 giel/rout gewisen wat den Déifferdenger natierlech an d'Kaarte gespillt huet.
An de Schlussekonnen huet de Samir Hadji den 1:1 ganz knapp verpasst. Allgemeng hat den Champion awer gutt kontrolléiert dat confirméiert den Diddelenger Chris Stumpf.
Cut Chris Stumpf
Mir krute géint d'Déifferdeng ëmmer ee fréi geschoss. Déifferdeng ass eng Ekipp déi fir mech hannen an der Defense déi bescht Ekipp am Land ass. Et ass schwéier géint si Chancen ze kreéieren an dat ass eis haut och erëm schwéier gefall. Ech menge mir haten der net vill an, jo, si hunn dat gemaach wat se bis elo ëmmer géint eis gemaach hunn an dofir och verdéngt gewonnen. Jo, ech mengen mir hätten haut scho misse gewannen fir nach iwwerhaapt eng Chance ze hunn. Si hunn eng konstant Ekipp. Ech mengen et bleiwen nach 13 Matcher mee ech weess net wéi si nach vill Punkte solle verléieren.

Den Artur Abreu vum FCD ass sech bewosst datt et gëschter bei der 1:0 Victoire kee Schéinheetspräis ze gewanne gouf.
Cut Artur Abreu
Jo, et ass ganz schwéier. Ech mengen Diddeleng ass och eng ganz gutt Ekipp. Dofir sinn se och zweeten. Eng ganz gutt Defense an et war och schwéier fir eis Chancë ze kreéieren. Mee ech mengen, wéi gesot, mir hunn zesumme gespillt, jiddereen ee fir den anere gekämpft. A bei esou Matcher, wann et net offensiv, net spilleresch geet da geet et och kämpferesch. A wa mer wéi haut maachen, nëmme kämpfen, da kréie mer awer ëmmer Occasiounen vir, ee Gol, 1:0 geet fir eis duer.
De Champion an Tabelleleader FC Déifferdeng huet dat gemaach wat ee muss fir dësen wichtege Match ze gewannen.