"Rien ne va plus" beim Racing. An der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball gouf et fir déi Stater déi drëtten Defaite am drëtte Match no der Wanterpaus. Um 18.te Spilldag huet d'Equipe vum Trainer Yannick Kakoko sech mat 0-1 missen géint Stroosse geschloe ginn:
cut
Fir de Racing ass et déi drëtten 0-1 Defaite hannerteneen. Virun Stroossen war dat och scho géint Hueschtert respektiv Wolz de Fall. An der Tabell stinn déi Stater elo just nach op der 5.ter Plaz, punktgläich mam 6.ten Nidderkuer. Um nächste Spilldag kritt de Yannick Kakoko an seng Spiller et mam zweetleschte Fola ze dinn.
24/02/2025 12h00 Cut Yannick Kakoko
Am meeschte gelies