Gëschter Owend huet d'Fussballnationalekipp vun den Dammen mat 7:0 d'Selektioun vu Liechtenstein iwwerrannt.
Nom Remis an der 1. Partie war et deemno eng wichteg Victoire.
Gëschter waren d'Rout Léiwinnen d'Favoritten mee esou eng kloer Victoire gouf net onbedéngt erwaart Serge Olmo.

26/02/2025 6h50 FLF Dammen wannen heich

Bei schwéiere Konditiounen hunn d'Rout Léiwinnen an der 16. Minutt géint dee schwaachste Géigner aus dem Grupp den 1:0 markéiert mam Caroline Jorge.
No engem Feeler vun der Goalkeeperin Lucie Schlimé  hätt den 1:1 kënne falen.
D'Rout Léiwinnen hunn awer dominéiert an déi lescht Minutte virun der Paus hunn hinne total gehéiert.
D'Caroline Jorge nees an d'Amy Thompson hunn d'Goler Nummer 2 an 3 virun der Paus markéiert.
Den 3:0 war och verdéngt viru ronn 400 Spectateuren um Stade Emile Mayrisch zu Esch.
Direkt nom Säitewiessel huet d'Marta Estevez en 11 Meter verwandelt fir de 4:0. D'Differenz tëscht den zwou Ekippen ass ëmmer méi däitlech ginn.
D'Caroline Jorge hat no 64 Minutten en 11 Meter ratéiert wat awer d'Moral vun der Ekipp net beaflosst huet.
Den Nationaltrainer Dan Santos ass gëschter ganz zefridden heem gefuer no der méi wéi däitlecher Victoire.
Cut Dan Santos
Jo, also haut war et schwéier ze spillen, mee si hunn awer probéiert dat beschte Resultat ze maachen a si hunn dann och, vum Kämpfen, vum Lafen hir, vum Wëllen hir, probéiert dann dee meeschte Goler eran ze schéissen.
Ech mengen, wann ee 7-0 wënnt, kann een sech net bekloen. Dat kéinte der  méi sinn. Jo, bei aneren Konditiounen  wären et der vläicht méi ginn, vläicht och net. Mee all Gol zielt, well et weess een net, wat herno zum Schluss d'Resultat ass.

D'Rout Léiwinnen, déi spilleresch a physesch vill besser waren, konnte nach mat Ana Barbosa, Laura Miller an Charlotte Schmit 3 weider Goler markéieren fir e verdéngten 7:0 ze feieren. Besonnesch dem Laura Miller säi 6:0 war richteg kuckeswert. Wéi huet d'Kapitänin selwer dee spektakuläre Gol erlieft?
Cut Laura Miller
Jo, et kënnt net esou oft vir datt ech Goler schéissen. Ech hu mer geduecht, deen huelen ech emol sou. En ass eragaangen. Gott sei Dank. Et war net deen idealen Terrain dee mer wollten. Mir hunn awer nach phaseweis gutt gespillt. Ech mengen, mir wollten nach eng Reaktioun weisen vum Match géint Kasachstan wou mer net eisem Niveau wierdeg waren.
Et war och gëschter déi héchste Victoire fir d'FLF Dammen an engem offizielle Match.
No 2 Partien ass Lëtzebuerg am Grupp 3 vun der League C op der 2. Plaz mat 4 Punkten, 2 Punkten hannert dem Leader Armenien.