13 Weekender hunn d'Formel 1 Frënn misse waarden, elo ass et nees esou wäit. Déi zwee éischt fräi Traininge vun der Saison, déi nees iwwer 24 Coursse geet, hunn d'Pilote schonn zu Melbourne hannert sech. Am éischte fräien Training war de Lando Norris op McLaren hënt dee Séiersten...de Moien fréi, war et dunn am zweeten, de Charles Leclerc op Ferrari. De Franky Hippert kuckt mam RTL Formel 1 Expert Dominique Riefstahl op deen éischte Grand Prix vun 2025, de Grousse Präis vun Australien no vir:

14/03/2025 11h40 Formel 1 Virschau G.P. Australien

Jo et ginn effektiv Fréibieren. Den Depart vum Grand Prix ass e Sonndeg de Moien um 5 Auer, de Virprogramm fänkt um 1/2 5 un. D'Qualifikatioun ass muer de Moien um 6 Auer, an den drëtte fräien Training um 1/2 3. Dir kënnt d'Formel 1 nees Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee, an online op rtlplay suivéieren. Fir den RTLplay braucht dir e Login. Detailer fannt dir op rtl.lu.