Um 3. Spilldag vum Titelgrupp am Dammenhandball ware gëschter déi zwou Partien. Den Handball Esch huet e bëssen iwwerraschend d'Red Boys Déifferdeng mat 24:23 geklappt.
Am Spëtzematch HB Käerjeng géint den HB Diddeleng konnt sech no 60 Minutten de Favorit HBD Diddeleng mat 24:21 zu Käerjeng duerchsetzen.
De Serge Olmo kuckt op de Spëtzematch zréck.

16/03/2025 12h20 Resume Dammenhandball

Virun der Partie hat den HB Diddeleng 6 Punkte Virsprong op de Rival vu Käerjeng.
Mam Spillmodus vun dëser Saison entscheet sech alles mat de K.O. Matcher déi wäerten ustoen.
Psychologesch war et awer fir déi Käerjenger wichteg fir géint Diddeleng wëllen en Zeechen ze setzen.
Gëschter ware béid Ekippen net komplett. Diddeleng huet sech richteg schwéier gedoen géint d'Lokalekipp déi déi richteg Mentalitéit hat.
D'Partie war bis d'Paus ganz serréiert. Mat der Schlusssireene vun der éischter Halbzeit war den HB Käerjeng 10:8 am Avantage.
Den Doublégewënner HB Diddeleng hat nëmmen 8 Goler markéiert bis d'Paus wat ganz ongewinnt ass.
D'Damme vu Käerjeng hunn kuerz no der Paus zwee 7 Meter ratéiert an d'Kim Wirtz war minuttelaang ganz effikass beim HBD an och d'Barbara Fangueiro am Gol. No 37 Minutten hat de Champion de Match gedréint a war 15:11 am Avantage.
Wat war déi 2. Halbzeit anescht laut der exzellenter Keeperin Barbara Fangueiro vum HB Diddeleng.?
Cut Barbara Fangueiro
Am Ufank ass net alles gaangen. An ech mengen d'zweet Halbzäit war iergendeppes am Kapp wat do geschalt huet a mir eis gesot hunn, mir huelen awer déi zwee Punkten elo. Dat heescht mir gi Gas, d'Passe kommen un, maachen eis Schëss eran. Mir hunn einfach och den Teamgeescht, ech mengen deen huet och gehollef. Mir ware vill méi present déi 2. Halbzeit.

D'Lokalekipp huet sech liicht gefaangen mee Diddeleng huet kontrolléiert. No 50 Minutten war den Doublégewënner 6 Goler vir bei 21:15.
Déi Käerjenger Dammen hunn sech net geschloe ginn an hunn déi lescht 4 Goler vum Match markéiert wat natierlech net duer goung.
Et ass deemno fir den HB Diddeleng déi 34. Victoire noeneen. Dat ass eng laang Serie. Den Diddelenger Trainer Mikel Molitor ass sech där Saach bewosst.
Cut Mikel Molitor
Jo, déi Serie ass natierlech schéin, wanns de do dorunner kanns Deel huelen. Mee ech hunn nach gëschter de Meedche gesot, deen Drock, deen an de Medie gemaach gëtt, mat esou vill Matcher hannereneen ze gewannen, eventuell eng perfekt Saison maachen, dee kënnt net vu mir. Wa mir e Match sollte verléieren, dat gehéiert beim Sport dobäi, wa mer zum Schluss vun der Saison awer kënnen een oder deen aneren Titel an d'Luucht drécken, dann ass dat, da sinn ech grad sou frou.
30 Sekonnen virum Enn vun der Partie huet sech d'Tina Welter gëschter um Knéi blesséiert. Et hat schlëmm ausgesinn mee no der Partie konnt den Käerjenger Trainer Dan Mauruschatt, dee selwer als Spiller laang blesséiert war, Entwarnung ginn.
Cut Dan Mauruschatt
Jojo, also definitiv. Also dee Moment selwer hunn u mäi Knéi geduecht vun der Coque mee ech war elo bei him an ech hu mat him geschwat an ech mengen et war éischter just de Coup an et ass e bësse geschwollen, mee ech mengen dat geet erëm ganz schnell an d'Rei. Déi Ekipp wou haut do stoung, si se am Fong bal alleguer déi do sinn. Mee ech mengen et läit just um Training. Wa mer um Training ëmmer just zu 6,7 sinn, kënne mer net vill virbereede fir esou Matcher.
Am Klassement huet Diddeleng no der Victoire vu gëschter elo 8 Punkte Virsprong op de Käerjenger Rival.