Um 5. Spilldag am Titelgrupp vum Handball huet den HB Diddeleng mat 28:24 zu Esch gewonnen.
Käerjeng huet um Standard mat 31:28 d'Iwwerhand behalen.
Am Spëtzematch hunn Red Boys Déifferdeng géint de Champion Bierchem ganz knapp an zwar mat 33:32 eng wichteg Victoire kënne feieren.
De Serge Olmo resuméiert de Spëtzematch Red Boys géint Bierchem.

23/03/2025 12h20 Resume Red Boys-Bierchem

Gëschter war Bierchem an der Ufanksphas déi besser Ekipp. De Champion war séier 3:0 am Avantage.
Bei de Red Boys ass de Brice Aillaud du waarm gelaf.
Hien huet bis d’Paus 8 Goler markéiert wat bal d’Halschent vun den Déifferdenger Goler war.
D’Säite goufen virun ronn 450 Spectateuren mat 17:18 gewiesselt, also mat engem ganz knappen Avantage fir Bierchem an dat an enger ganz intensiver Partie.
Nom Säitewiessel ass et grad esou intensiv weider gaangen. Et konnt sech keen ofsetzen.
Déi Bierchemer haten den Aillaud besser ënner Kontroll.
No ronn enger Dräivéierelsstonn stoung et 27:27 gläich.
Et goufen vill 2 Minutte Strofe gepaff wat bei der Wichtegkeet vum Match an der Spannung zimmlech logesch ass mee 16 sinn der nawell vill.
Et ass spannend bliwwen bis quasi déi lescht Sekonn. Déi Réiserbänner hunn den decisiven Ball e puer Sekonnen virun der Schuss-Sireen verluer.
De Bierchemer Trainer Marko Stupar hat sech e serréierte Match erwaart natierlech awer mat engem aneren Epilog.

Cut Marko Stupar

Am Ufank hu mir ee gudde Virsprong ausgeschafft, mee an Toppmatcher wéi dat heiten, zielt dat net. Ech wosst souwisou all Matcher déi mir  déi lescht Joren hei zu Déifferdeng gespillt hunn, oder zu Nidderkuer, déi lescht zéng Minutten ganz ganz staark waren. Leider hu mir eise Rhythmus am Ugrëff net fonnt, speziell op eiser lénker Säit.

De Brice Aillaud war virun allem virun der Paus eng Garantie fir d'Red Boys. Hie weess datt mat där Tabellesituatioun all Match e bëssen wéi eng Finall ass.

Cut Brice Aillaud
Et war wierklech wéi eng Finale, jo a nee, well et ass esou, mir hunn nach eng Finale de Weekend dee kënnt an et steet fest mir mussen d'Matcher een nom aneren huelen. Mir woussten wat eis haut erwaart an ech sinn stolz op d'Ekipp well mir hu ganz gutt gekämpft an ech denken mir verdéngen déi Victoire well Bierchem och e super Match gespillt huet mee mir hunn drun gegleeft, mir waren zesummen staark.
De Brice Aillaud koum en Total vun 10 Goler. Den Elledy Semedo och vun de Red Boys konnt 8 Mol markéieren.
De Réckraumspiller ass optimistesch datt déi Déifferdenger dës Saison déi Mentalitéit hunn déi een un den Dag leeën muss fir eventuell de Champion ze maachen, den Elledy Semedo.

Cut Elledy Semedo
Jo richteg; et ass dat ëmmer an all Sportaart, déi du méchs. Wann dir net mental engagéiert sidd fir ze gewannen oder eppes méi ze maachen, da kritt een et net hin fir den Titel ze gewannen. An ech mengen, dass mir dëst Joer méi engagéiert sinn, méi mental virbereet sinn fir d'Matcher a fir d'Traininger. An ech menge, dat ass dat wat d'Differenz ausmécht.
An der Tabell sinn Diddeleng an d'Red Boys virop mat 31 Punkte viru Bierchem mat 30 Punkten. De Champion Bierchem huet deemno de Moment déi éischt Plaz verluer.