Um 6. Spilldag vum Titelgrupp am Handball huet wéi erwaart de Champion Bierchem géint de Standard gewonnen an dat mat 38:32. 
Den Handball Esch huet Käerjeng mat 34:26 geklappt.  
Am absolutten Toppmatch hunn d'Red Boys Déifferdeng géint Diddeleng, no enger ganz intensiver Partie, mat 29:28 d’Iwwerhand behalen. 
D'Red Boys hunn elo an der Titelcourse alles an eegener Hand.

30/03/2025 12h20 Resume Handball

Den HB Diddeleng war gëschter besser an de Match komm. No engem Gol Itua Etute stoung et 6:1 fir d’Gäscht no 7 Minutten. Den ex Diddelenger Trainer an och ex Nationaltrainer Nikola Malesevic huet en Time Out geholl fir d'Red Boys.
Kuerz nom Time Out waren d’Gäscht esouguer 6 Goler am Avantage. 
De Brice Aillaud huet d’Lokalekipp nees an de Match bruecht. D’Awiesselung vum Chris Auger am Gol huet den Déifferdenger richteg gutt gedoen. 
D’Red Boys si méi no erukomm. 
D’Säite goufe mat 18:15 fir Diddeleng gewiesselt. 
Et ass nach méi intensiv ginn no der Paus. 
D’Red Boys hunn sech lues a lues erugetaascht. . 
No ronn 40 Minutte war et den éischten Avantage vun den Déifferdenger mat bei 22:21.
Et ass spannend bliwwen bis bal déi lescht Sekonn.
Nodeem Bierchem de leschte Weekend mat engem Gol geklappt gouf, hunn déi Déifferdenger och géint Diddeleng mat engem Gol Differenz gewonnen. 
2 Spëtzematcher noeneen ze gewannen schwätzt fir déi psychologesch Stäerkt vun de Red Boys. Den ganz erfueren ex Nationalkipper Chris Auger, war gëschter mat 16 Paraden de beschten Mann um Terrain. Schonn e Mëttwoch geet et weider géint den Handball Esch.
Cut Chris Auger
Den Trainer huet schonn gesot, wannechgelift net froe fir Méinden fräi ze hunn well mir mussen trainéieren, mussen e bësse regeneréieren, well mir hu Spiller, déi iwwer 30 Joer al sinn, an een, jo, bal 42, dann jo, fir mech gëtt et komplizéiert déi zwee nächst Deeg, mee voilà, ech menge mir spillen elo fir Champion ze sinn; keng Excuse.
Den ex Nationaltrainer an fréieren Diddelenger Trainer Nikola Malesevic erkläert wat de Moment d'erfolleg Spillphilosophie ass.
Cut Nikola Malesevic
Ech sinn en Trainer deen dat kollektiivt Spill gär huet, ech kucken net ob en eenzeler Spiller, wat ech ëmmer zu menge Spiller soen no engem Match, wann ee Spiller 10 Goler an engem Match schéisst, muss een net onbedéngt sinn datt hien der am nächste Match och 10 schéisst. Ech si frou datt verschidde Spiller Goler schéissen fir de Match ze gewannen. Mir hunn eng gutt Verteidegung  wat de Schlëssel zum Erfolleg ass.
Et war déi éischt Defaite iwwerhaapt am Play-Off fir den HB Diddeleng. Den ex Déifferdenger an aktuellen Diddelenger Aldin Zekan ass natierlech richteg enttäuscht. 
Cut Aldin Zekan
Jo natierlech. Also et deet wéi einfach, well mer wëssen, wéi mer an de Match gestart sinn. Et huet wierklech gutt ausgesinn vun Ufank un. Mir hu séier den Ecart gemaach. Si waren net do. Mir ware vun der éischter Minutt un direkt um Terrain. Mir hunn dat och gewisen. Et ass alles am Fong esou gaangen wéi mer wollten. An dann hu mer iergendwann eng Kéier am Laf vum Match d'Schlappe verluer. Wourunner dat läit, muss een duerno kucken.
An der Tabell hunn d’Red Boys elo 33 Punkten viru Bierchem 32 an den HB Diddeleng 31 Punkten.