
Am nationale Futtball war gëschter d'Suite vum 22te Spilldag. E Freideg hat Hesper schonn 2-0 zu Rodange gewonnen. Gëschter huet Nidderkuer beim 3-1 Succès um Racing wichteg Punkten an der Course fir d'europäesch Plazen gesammelt. De Gilles Tricca war fir ons um Verluerekascht.
Um Pabeier war et eng Spëtzepartie, um Terrain awer net an dat well virun allem de Racing sech net vun der Beschter Säit gewisen huet. An der éischter Halschent war et en Optrëtt ouni Bëss a Mum. A wann een dann och nach defensiv dem Géigner Kadoen mecht dann brauch een sech net ze verwonneren wann een an der Paus 0-2 hannen ass. De Racing Kapitän Farid Ikene
CUT
Di zwee Goaler huet de Omar Natami fir Nidderkuer markéiert.
Nom Téi hat d'Lokalequip e bëssi méi Bensin am Tank a konnt dann duerch en 11m vum Mabella no 53 Minutte verkierzen. Et hat e gemengt d'Partie wäer relanceiert. Dat war de Fall well Nidderkuer huet eng déck 1/4 Stonn viru Schluss mam Ken Corral op 1-3 erhéicht. E verdéngte Succès fir de Lars Gerson a Co
CUT
Béid Equipe sinn elo mat mat 40 Punkten op Aenhéich op der 5ter Plaz an der Tabell.
De Mëtteg um 4 Auer ass d'Suite vum 22te Spilldag. Alleguer d'Matcher kent dir bei ons op rtl.lu am Live Ticker suivéieren