
Am Titel Play-Off vum Handball stoung gëschter bei den Hären den 8te Spilldag um Programm. D'Iwwerraschung kënnt vun Esch . Do huet Bierchem sech nämlech mat engem Goal Ecart misse geschloen ginn. Diddeleng gewënnt och in-extremis géint Käerjeng . Keng Problemer hat Déifferdeng um Standard. De Gilles Tricca huet Detailer.
Nom Remis bei de RedBoys e Mettwoch hat Esch fest wëlles och Bierchem d'Liewe schwéier ze maachen. Dat war och ganz kloer am Ufank de Fall well no enger decker Véierelstonn war d'Lokalequip 12-7 am Avantage. De Champion ass zu dem Zaitpunkt guer net mat der offensiver Escher Defense eens ginn an huet ganz oft an der Attaque de falsche Choix gemaach. Esch huet sengersäits gutt am Ugrëff variéiert an esou huet di Bierchemer Defense dachs aal ausgesinn.
D'Saiten sinn mat 17-13 gewiesselt ginn.
Bierchem ass besser aus de Kabinen komm a no 37 Minutten war de Retard nach just vun engem Goal.
Eng Véierelstonn viru Schluss stoung ett 23-23 glaich Esch huet awer dergéint gehal a 5 Minuttte drop nees 3 Goaler vir. D'Mental Stäerkt vun Tommassini a Co war ganz wichteg
CUT TOMMASSINI
Et ass bis zu leschter Sekonn spannend bliwwen an d'Spectateuren sinn op hir Käschten komm. Den decisiven Goal huet den Escher Kirsch 5 Sekonnen viru Schluss geschoss an esou mussen sech Ben Weyer a Co mat 31-32 geschloen ginn.
CUT WEYER
Spannend war et och zu Diddeleng. Do gewënnt den HBD 29-28 géint Käerjeng
Déifferdeng hat keng Problemer beim 28-17 um Standard
An der Tabell stinn d'RedBoys elo nees ganz uewen mat 36 Punkten. Diddelenger ass 2ten mat 35 Punkten an do hannendrun Bierchem mat 34 Punkten. Et bleift also spannend.
Eng Decisioun ass awer geschter schonn gefall. An der Relegation klappt Remeleng Péiteng 44-36 an ass secher eng weider Saison an der hechster Divisioun ze bleiwen.
Elo rout de Ball bis de 24ten Abrëll. Dann steet de Final 4 vun der Coupe de Luxembourg um Programm dat esouwuel bei den Dammen wéi och bei den Hären