
Gëschter ware schonn zwou Partien vum 24. Spilldag. Déi aner Matcher sinn haut um 4 Auer. De Stater Racing huet doheem mat 3:1 géint Hesper gewonnen a sammelt wichteg Punkten fir eventuell déi nächst Saison europäesch ze spillen. Déifferdeng huet ganz knapp mat 1:0 géint den Opsteiger Beetebuerg gewonnen.
Et war déi 9. Victoire noeneen vun den Déifferdenger ouni ee Gol ze kasséieren. Wann Diddeleng de Mëtteg net géint Munneref gewënnt, da kann D03 fréizäiteg den 2. Championstitel noeneen feieren.
13/04/2025 12h20 Sujet Deifferdeng-Beetebuerg
Am meeschte gelies