Am nationale Basket war gëschter ee groussen Owend. Bei den Dammen war et déi drëtt Finale tëscht dem Gréngewald an der Sparta an d'Lokalequipe wollt mat enger Victoire de Championstitel feieren. Bei den Hären war et dogéint eréischt déi zweet Finale tëscht Diddeleng an der Etzella. Déi Ettelbrécker sinn mat engem 1-0 Avantage op Diddeleng gaangen. De Jeff Kettenmeyer kuckt fir eis op béid Matcher zeréck.

24/04/2025 06h40 Basket Resumé Finallen