
Bierchem heescht de Coupegewënner 2025 am Hären-Handball. Di Réiserbänner hunn sech mat 34-28 géint den HBD Diddeleng duerchgesat De Champion war gëschter einfach eng Klass besser. De Gilles Tricca huet Detailer a Reaktiounen
Am ausverkaafte Gymnase vun der Coque ass de Bierchemer e perfekten Optakt an d'Partie gelongen. Virun allem hire Keeper Czapiewski huet den HBD un d'Verzweifelen bruecht. D'Jongen vum Marco Stupar hunn no der Véierelstonn en 8-0 fäerdeg bruecht. Dat huet den Diddelenger Genéck gebrach.Den héchsten Avantage war vun 11 Goaler
Virun ronn 1500 Spectateuren ass et mat 18-8 an d'Kabinne gangen. Ben Weyer a Co waren an den éischten 30 Minutten an alle Beräicher dem HBD kloer iwwerlëen, den Optrëtt war phaseweis grandios
CUT WEYER
Nom Säitewiessel huet d'Equipe aus dem Réiserbann net labber geloos , De Keeper Czapiewski war nach emmer op Zack an de Raphael Guden, beschte Buteur mat 11 Goaler huet weiderhinn d'Bäll eragehummert. Fir de Ben Brittner war et och wichteg mam néidege Seriö aus de Kabinnen ze kommen
CUT BRITTNER
Fir den HBD war natierlech ganz batteren Owend. Trotzdem ass den Aldin Zekan e ganz faire Verléierer
CUT ZEKAN
Mam 34-28 Succès geet d'Coupe eng 12te Kéier an de Réiserbann.