Am nationale Basket ass d'Saison bei den Dammen an Hären eriwer. Bei den Dammen huet d'Amicale Steesel de Sprong net ënnert déi Top 4 gepackt. Hiren Trainer Erny Gruskovnjak wäert d'nächst Saison net méi op der Bänk setzen. Eppes wat de laangjäregen Coach steiert ass datt verschidden Spillerinnen net reegelméisseg op den Training kommen, respektiv seelen 10 Leit um Training sinn.

30/04/2025 18h20 Podcast Drëtt Hallschent Erny Gruskovnjak