Alleguerten Decisiounen an der ieweschter Divisioun am Basket si gefall. Bei den Häre geet de Championstitel op Ettelbréck a bei den Dammen an de Gréngewald. Genee wéi dat leschte Joer, hunn d'Musel Pikes et bei den Hären nees iwwer de Barrage fäerdeg bruecht, an der National 1 ze bleiwen. Fir d'Black Frogs vu Schieren ass et awer nees net duergaangen, fir an déi iewescht Klass opzesteigen. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon op déi leschten Decisioune vun der Saison zeréck.

02/05/2025 Rebound 18h40 Simon

D'Saison vum Rebound hei um Radio ass awer nach net eriwwer. Hei fänkt d'Summerpaus réischt a 4 Wochen un.