D'Jenny Warling ass als Vizeeuropameeschterin aus Armenien nees heem komm. Déi 31 Joer ale Karateka huet et op der EM zu Jerewan an Armenien bis an d'Final gepackt, huet sech do awer der Däitscher Mia Bitsch misse geschloe ginn. Egalwéi ass dat awer nees eng enorm Leeschtung vun der Sportlerin déi schonn mat enger Rei Blessuren an hirer Karriär geheit war, Franky Hippert:

13/05/2025 18h40 Karate EM Jenny Warling

Zwee mol d'Kréizänner gerass, eemol mat der Schëlller operéiert ginn, an de Fouss gebrach, esou gesäit en Deel vum medezineschen Dossier vum Jenny Warling aus. Fir do all Kéier nees zeréck op den Tatami ze kommen, brauch een schonn eng enorm Wëllenskraaft:

cut

2019 hat d'Jenny Warling et op der Europameeschterschaft gepackt mat der Goldmedaill heem ze kommen. 6 Joer méi spéit huet et geklappt fir sech op déi zweeten Träppchen um Podium stellen ze däerfen:

cut

No 4 Victoire krut déi 31 Joer ale Lëtzebuerger Sportlerin et an der Final mam Mia Bitsch ze dinn. Déi Däitsch ass kuerz viru Schluss a Feierung gaangen. Fir d'Jenny Warling war dat awer kee Grond fir net nach un eng Victoire ze gleewen:

cut

D'Sëlwermedaill ass d'Kiischt um Kuch. Dat eigentlecht Zil vum Jenny Warling op dëser EM war awer fir sech fir d'Weltmeeschter ze qualifizéieren:

cut

Dee nächste grousse Rendezvous fir d'Bronzemedaille-Gewënnerin vun den Europaspiller 2019 zu Minsk, sinn d'Spiller vun de klengen europäesche Länner, déi vum 26. bis den 31. Mee an Andorra sinn.