
Viru ronn 4500 Spectateuren huet gëschter Owend am Stade de Luxembourg den FC Déifferdeng d'Finall vun der Coupe gewonnen géint den F91 Diddeleng.
No 120 Minutten stoung et 2:2 gläich.
De Champion Déifferdeng huet d'Eelefmeterschéissen mat 5:4 gewonnen.
Et war de 6. Coupe Gewënn an der Veräinsgeschicht vum FC Déifferdeng 03.
Gëschter war et eng Achterbunn vun de Gefiller well déi Diddelenger 2 Mol am Avantage waren.
De Serge Olmo pickt déi wichtegst Momenter vun der Final eraus.
No den éischte 90 Minutte stoung et 1:1 gläich. De Kapitän vum F91 Samir Hadji konnt no 12 Minutten den 1:0 erakäppen. Dat war e neien Moment fir de Champion a Favorit well dësen dës Saison guer net gewinnt war hannen ze sinn. An der 78. Minutt stoung den Diogo Silva vum FCD 03 komplett eleng fir den 1:1 eran ze käppen. Déi éischt Minutten vun der Verlängerung hunn den Déifferdenger gehéiert mee den F91 huet de Match equilibréiert gehalen a konnt am 2. Deel vun der Verlängerung nees an den Avantage goen no engem onglécklechen Selbstgol vum Déifferdenger Defenseur Kevin D'Anzico no 110 Minutten.
2 Mol hannen ze sinn an awer gewannen dat stellt den Déifferdenger Trainer Pedro Resende dee jo fort geet, méi wéi zefridden.
Zweemol si mir zeréck komm an et weist och d'Stäerk, déi mer haten, net haut mee dës ganz Saison. Ech si wierklech houfereg well et war eng laang Saison. Mir hu ganz fréi ugefaangen; et ass e zimmlech klenge Kader mee et sinn Grouss Charakteren, déi et einfach fäerdeg fannen bis zum Schluss drun ze gleewen.
Eng grad esou onglécklech Aktioun gouf et no 116 Minutten op där anerer Säit well den Enzo Lima am 16 Meter de Ball mat der Hand geroden huet.
No engem 11 Meter vum Guillaume Trani virum Eelefmeterschéissen stoung et 2:2 gläich. Déi Aktioun huet dem F91 an hirem Trainer Mika Pinto besonnesch wéi gedoen.
Et ass zimmlech schued en Eelefmeter op Händs ze kréien. Den Händs existéiert, d'Hand ass do. Et ass schued well mir haten net déi selwecht Virdeeler wéi si. Si wosste scho laang datt se Champion sinn. Mir wossten eréischt e Sonndeg datt mir europäesch sinn. Physesch konnten si sech besser virbereeden. Mir hunn alles ginn, mir hunn eng Equipe a Schwieregkeeten bruecht, déi d'Meeschterschaft komplett dominéiert huet a ech sinn houfereg op déi Spiller, an d'Eelefmeter sinn ewéi se sinn.
D'Eelefmeterschéissen war ganz spannend. Just den Diddelenger Guilain Zrankeon huet ratéiert an den FC Déifferdeng konnt 5 op 4 vum Punkt gewannen.
Den éischten Doublé an der Veräinsgeschicht war perfekt. Ee Mann huet sech besonnesch gefreet an zwar de ganz engagéierte President Fabrizio Bei.
Also Chapeau, ech zéien den Hutt an och eisem Trainer, eisem Staff, deen eis jo elo verléisst. Also, mir kréien en neien Trainer. Ech mengen ech wëll him awer hei Merci soen fir déi grouss Aarbecht, déi en hei gemaach huet. An ech wëll him Bonne Chance wënschen. Haut feiere mer den Doublé Historique. Historique.
Och wann d'Partie zimmlech taktesch war an besonnesch an der regulärer Spillzäit wéineg Golchancen notéiert konnte ginn, war dës Finall richteg emotional. Natierlech hunn déi Déifferdenger an den Andreas Buch et genoss.
Mir waren an der éischter Hallschent iwwerhaapt net gutt. Mir kruten si net an de Grëff. An der zweeter Hallschent hu mir et dann besser gemaach mee dës Achterbunn Faart ass einfach net ze gleewen. A mir hunn nees de Beweis dass mir dës Joer quasi onschlobar sinn.
Et kann ee sech virstellen datt déi Diddelenger extra frustréiert sinn well si fäerdeg bruecht hunn 2 Mol géint Déifferdeng ze markéieren an awer verluer hunn an et schonn déi 4. Coupefinall ass an där si géint den FC Déifferdeng de Kierzeren zéien.