De Lars Gerson zielt mat 35 Joer zu deenen erfuerenen Futtball Nationalspiller. Mat 99 Lännermatcher ass hien och an den Top 5 vun allen Zäiten hei am Grand Duché. An der WM Qualifikatioun sollt et dann mat der 100 klappen, och wann de Succès als Equipe natierlech am Vierdergrond steet an géint Nordirland an d'Slowakei duerchaus eppes dran ass.