Gëschter Owend huet d'Una Stroossen zu Dundee a Schottland mat 0:1 de Kierzere gezunn.
Virun 11370 Spectateuren déi bezuelt hunn a bei enger ganz gudder Ambiance hat d'Una Stroossen fréi an der Partie eng gutt Golchance mam Daryl Myre.
Dono war den opfällegsten Stroossener de Kipper Koray Özcan. Hien huet staark Parade misste fäerdeg bréngen fir d'Null ze halen fir de Lëtzebuerger Vertrieder.
Tëscht der 20. an der 25. Minutt ronn war den Drock besonnesch grouss.
D'Säite goufe mat 0:0 gewiesselt. D'Una konnt zefridden an d'Kabinne goen. D'Leeschtung war ganz korrekt.
Zwou Minutte no der Paus huet Dundee markéiert aus ronn 18 Meter mam Zac Sapsford. Den Özcan ass um falsche Fouss erwëscht ginn. Wat de Gol evitabel? Den neien Stroossener Ricky Delgado.
Cut Ricky Delgado
Ech mengen dee war z'evitéieren. Si hunn eis erausgedréckt, duerno goung de Ball an d'Mëtt, an wéi dir gesot hutt, en deet wéi, mir kommen aus der Hallschent an da mussen un deem Gol knabberen, mee, mee bon, mir sinn gutt zréckkomm, leider kee gutt geschoss, mee d'nächst Woch bei eis, also zu Déifferdeng probéiere mer dat erëm riicht ze béien.
Nodeem eng länger Zäit d'Golchancen méi rare waren, hat déi schottesch Formatioun Pech. De Ball goung widder de Potto. Den Özcan war nach dru komm bei däer Aktioun no 72 Minutten.
Et war laut dem Stroossener Verteideger Delgado déi erwaarten haart Noss.
Cut Ricky Delgado 2
De britesche Fussball, dat ass e Kampf vun der éischter bis zur 90. Minutt. An dat huet een haut gesinn. Mir hunn awer gutt dogéint gehalen. An ech mengen, dorobber kënne mer opbauen, fir den nächste Match. Also d'nächst Woch.
De Lëtzebuerger Vertrieder war dem 1:1 no engem Corner ganz no no 83 Minutten. Den neien Stroossener Tim Hall hat bal an de Gol ofgefälscht. Dee selwechten Hall huet no 89 Minutten fir säi Golkipper gerett.
Obwuel Dundee méi Golchancen hat huet sech d'Una ganz deier verkaf an kann fir d'nächst Woch hoffen.
D'Confirmatioun vum Stroossener Trainer Stefano Bensi.
Cut Stefano Bensi
Fir eis war et och wichteg well et deen éischten offizielle Match war. Wéi gesot, et war kee Leeschtungsofbroch. An dat anert ass, dass mer gesinn hunn, dass mer awer do eppes kënne rappen. A wéi gesot, wichteg war fir eis, dass mer e Resultat op Lëtzebuerg matbréngen, wou en alles opsteet. An ech mengen, wann een d'Leeschtung an d'Resultat kuckt, mengen ech, steet och zu Lëtzebuerg alles op. An aus eegener Erfarung weess ech, dass d'Schotten zu Lëtzebuerg ëmmer sou schwéier dinn.
De Retourmatch tëscht deene Stroossener an Dundee United ass fir den nächsten Donneschdeg programméiert an dat zu Déifferdeng.