De Weekend fänkt déi nei Saison am Handball un, wou erwaart gëtt, datt wéi quasi déi lescht Saisonen ëmmer Bierchem, Diddeleng, Déifferdeng an Esch ze staark si fir déi aner Ekippen. Déi Ekippen, déi vläicht eppes manner staark an ze schätze si wéi déi 4 Genannten, hunn awer deelweis zimmlech grouss Ambitioune fir déi nächst Saison, Serge Olmo.

02/09/2025 17h40 Virschau Ofstigkandidaten

Den HB Käerjeng war déi lescht Saison op déi 5. Plaz komm. Am Verglach zu deem Kader riskéiert dee vun dëser Saison et ganz schwéier ze kréien. Ronn 10 Spiller hunn d'Bot verlooss. Vill a wichteg Leit si fortgaangen oder hunn opgehalen. D'Gebridder Lallemang sinn op Diddeleng gewiesselt, de Pivot Dragan Vrgog op Bierchem oder den ganz wichtegen Tom Meis huet opgehalen. De jonken Trainer Ben Schuster, deen laangfristeg d'Ekipp wëll opbauen, weess datt méi kleng Bréidercher musse gebak ginn.

Cut Ben Schuster
Mee bon, mir mussen eeben elo derduerch. Et ass en, souzesoen en Neistart beim HBK. Also déi lescht Saisonen hunn ech jo ëmmer vun engem Ëmbroch geschwat mee ech mengen dat doten ass elo dee richteg groussen Ëmbroch. Well et soll mol endlech Kontinuitéit an de Kader kommen. Duerfir ass et och dann e Projet op 3 Joer. Natierlech musse mir elo mol fir d'éischt géint Standard, Dikrech, Rëmeleng e gudde Match zauberen a genuch Punkten asammelen.

De Standard kéint d'Iwwerraschung vun der Saison ginn. Natierlech net ëm den Titel mee vläicht fir eng europäesch Plaz. Den Milasin Trivic gouf ënner anerem engagéiert wéi och de Golkipper Kenan Hadrovic.
De Grupp deen zejoert schonn déi grouss Ekippen deelweis gefuerdert hat ass nach e Krack méi staark.
Wat erwaart sech d'Diane Weimischkirch d'Presidentin vum Standard?

Cut Diane Weimischkirch
E bësse méi héich, vläicht déi drëtt oder véiert Plaz oder déi fënneft, op jidde Fall, schonn uewen ze bleiwen a vläicht deen een oder deen aneren och mol eng Kéier e grousse Veräin kënnen ze klappen.

Beim CHEV Dikrech sëtzt mam Blagojce Krtsev en erfueren an am Handballmilieu zimmlech bekannten Trainer op der Bänk. Hie wëll eng Gewënnermentalitéit beim CHEV aféieren. D'Ambitiounen sinn och alles anescht wéi kleng.

Cut Blagojce Krtsev
Ech mengen fir éierlech ze sinn, dat ass net just e kuerzfristege Projet. Mir hunn dat gemeinsam decidéiert. Jo gutt, momentan hu mir keng erfueren Spiller. Natierlech, de Problem ass, datt mir och e relativ kleng Kader momentan hunn. 

Déi Rëmelenger waren d'lescht Saison mat groussen Ambitiounen an d'Arena gaangen a goufen enttäuscht. Dës Saison soll de Kader méi stabel sinn wéi d'lescht Saison. Den Trainer Yves Braconnier huet natierlech déi 6. Plaz am Viséier fir an den Titel Play-Off ze kommen a weess dat hien dofir warscheinlech de CHEV Dikrech muss hannert sech loossen.
Cut Yves Braconnier
Dikrech fannen ech eng ganz gutt Ekipp. An trotzdeem hu mer Dikrech elo schonn zweemol geschloe gehat. Dat heescht, dat wëlle mer och weidermaachen. A wa mer dann nach een, zwee Géigner dobäi huelen déi mer vläicht e bëssen nerve kënnen, wéi zum Beispill Bascharage, da komme mer vläicht op déi sechste Plaz.
D'lescht Saison waren Dikrëch an Rëmeleng an d'Relegatioun gaangen. Et riskéiert ganz spannend ze ginn fir dës ganz onbeléifte Relegatioun z'evitéieren.