Mam Supercup gëtt am Handball traditionell déi nei Saison agelaut. Do stounge sech de leschte Weekend de Champion Déifferdeng an de Coupegewënner Bierchem géigeniwwer mam besseren Enn fir de Champion. Dës zwou Ekippe kommen och fir déi nei Saison fir dës Titelen a Fro. Diddeleng an Esch wëllen awer och e Wuert matschwätzen. Wéi d'Ambitioune vun dëse 4 Veräiner sinn, verréit Iech de Gilles Tricca 

02/09/2025 Handball Virschau 1 10h40

Zu Déifferdeng hunn déi wichtegst Positioune misse nei besat ginn. Déi zwee Keeper Auger a Mudrijnak sinn net méi do, sinn a goufen duerch den Nationalkeeper Felici resp. dem Garcia a Pavlovic ersat. Um Trainerstull sëtzt elo de Marc Breser am Plaz vum Malesevic. Fir hien ass et bëssi Neiland.

" Die Erfarung als Trainer an dem do Beräich kënnt  mat der Zäit. Et ass wéi bei Spiller och do brauchst du vläicht eng gewëssen Zäit fir verschidden Automatismen ze hunn  Dofir sinn ech frou verschidde erfare Spiller ze hunn"

A wann s du am  Réckraum mat Meyffret , Nanque a Murera nach Spiller bäikriss, da brauchs du och keng Angscht ze hunn.  

Wéi esou dacks gëtt et beim Coupegewënner Bierchem keng Revolutioun am Kader. Well déi Laangzäit-blesséiert Hoffmann, Majeres a Scott Meyers lues a lues nees op Toure kommen, stousse just zwee Spiller vu Käerjeng bäi an de Keeper Kell Meyers kënnt nees zeréck a seng Heemecht. De Kader gëtt dann och ëmmer nees mat jonke Spiller aus dem Veräin komplettéiert an dofir ass den Trainer Marko Stupar zouversichtlech 

"Mam Dragan a Mitev krute mir elo eng Stabilitéit an d'Ekipp, si bréngen eng Kierperpresenz um Terrain, den Dragan e positive Mënsch bréngt och Erfarung. De Mitev wäert e bëssi méi laang brauche fir d'Integréieren."

Zu Diddeleng huet mam Dusko Bilanovic en neie Mann dat sportlecht Soen. Hie konnt sech schonn e Bild vun der Ekipp vum leschte Joer maachen a sech dann och iwwert Transferte vun de Gebridder Lallemang, dem Oli Goergen an dem Loris Labonte freeën. Dobäi kënnt och nach de Retour vum Yann Hippert. D'Spillermaterial stëmmt den neie Coach ganz positiv.

"Do si vill interessant Spiller a mat den Etute Bridder sinn zwee Ausname-Spiller derbäi, déi hu richteg Potenzial."

Beim Handball Esch sinn se frou nees op Spiller zeréckzegräifen, déi scho fir schéi Momenter bei de schwaarz-wäisse gesuergt hunn. Virun allem wäert de Retour vum Felix Werdel richteg gutt doen. Zil vum Trainer Rajko Milosevic ass kloer:

"Wann alles zesumme kënnt, dann ass eng vun de 3 Plaze sécher, wa mir doheem spillen huet alle Ekipp Problemer mat ons."

Ob dat dann esou ass, gi mir vun e Samschdeg u gewuer 

Den Owend gitt dir da méi iwwert di 4 aner Veräiner aus der Ieweschter Divisioun gewuer a mir kucken och wie bei den Damme fir Titelen a Fro kënnt.