
Déi ronn 200 Benevollen ronderëm d’Presidentin Marianne Dondelinger hunn alles gemaach, fir datt och dës 49. Editioun erëm e volle Succès gëtt.
Wat d’Streck ugeet, do ass fir jiddereen eppes derbäi, Guy Seyler:
Et ass zwar gutt a schéin, wann eis Elite-Leefer um Depart sinn, mee de Charakter vun engem Vollekslaf iwwerweit awer fir d’Marianne Dondelinger, Presidentin vun der a.s.b.l. Walfer Vollekslaf:
Mir sinn ee Vollekslaf, an do hale mir och dorop. An deem Sënn ass jiddereen zu Walfer wëllkomm: ob een elo e ganz gudde Leefer ass, ob een en Amateur ass, ob ee jonk ass oder al ass, ob een am Rollstull ass, jiddereen ass wëllkomm. Duerfir hu mir och 3 verschidde Parcours’en: mir hunn eng Course vun 12 Kilometer, mir hunn eng Course vu 5,4 Kilometer, a mir hunn de Mini-Laf vun engem Kilometer
Mat engem flotten Encadrement, mat vill Animatioun ronderëm dëst Event hoffen se zu Walfer, och Jugendlecher fir de Sport ze begeeschteren.
Eent vun eise ganz groussen Zieler, datt ass d’Promotioun vum Sport bei der Jugend a bei de Kanner. Et ass jo festgestallt ginn, datt Schüler bis zu 6 Stonnen am Dag um Handy sinn. Dat ass net gutt. De Minister Claude Meisch ass sech däers och bewosst. Hien huet e Motto raus ginn, mat manner KI, manner Handy, duerfir awer méi Sport. De "Plan Développement de l’Athlétisme"gesäit och vir, fir den Athlétisme op e méi héijen Niveau ze kréien. A wéi kritt een dat op e méi héijen Niveau ? Wann ee méi eng grouss Basis huet. A wéi kritt ee méi eng grouss Basis? Ma doduerch, datt mir d’Schoulen, datt mir d’Veräiner, an och d’Elteren motivéieren, fir hier Kanner zum Lafen oder iwwerhaapt zu méi Beweegung ze kréien.
Mam Challenge Marc Savic ënnerstëtzen si och de Schoulsport. Dat lescht Joer ware 17 LASEL Sektiounen mat 677 Leefer um Depart.
Am ganzen sinn d’lescht Joer 2.577 Leefer a Leeferinnen iwwer d’Arrivée gelaf.
Fir dëse Rekord ze knacken, gëtt net einfach. An dat aus engem bestëmmte Grond, Marianne Dondelinger:
Et ass esou, datt mir e wéineg Angscht hunn, datt onse Rekord vun 2.577 Leefer dëst Joer net geknackt gëtt, ganz einfach wéinst dem Trounwiessel. Et ka jo sinn, datt eng Rei vun onse Leefer Owes feiere ginn, an dann net op Walfer kommen. Mir hoffen awer dat Bescht. Et wier awer flott, Owes ze feieren, an dann Moies op Walfer lafen ze kommen. Esou guer, wann een dann net grad esou e schnelle Chrono huet.
Mat derbäi ass och erëm de Walfy. An dat ass dëst Joer den Ex-Nationalspiller am Basket, de Bobby Melcher.
Wann dir als Elteren gäre matlaaft, an dir wësst net wouhin mat ärem klenge Kand.
Et gëtt eng gratis Garderie vun 8.30 h bis 12.30 h fir Kanner vun 2 bis 8 Joer.
CFL huet deen Dag en „train spécial WALFY“ agesat. Dee bréngt Iech pünktlech op d’Plaz.
All weider Informatiounen fannt dir op www.walfy.lu