Den Owend vu Véierel vir 9 un spillt déi Lëtzebuerger Nationalekipp an der City Arena zu Trnava.
D'Rout Léiwen sinn drop aus hiren éischte Punkt an der Campagne ze kréien.
Dee leschten Duell auswäerts géint dëse Géigner war am Mäerz 2023 an do gouf et um selwechten Terrain en 0:0 Remis.
Et wier scho wichteg mat engem Punkt an der Täsch heem ze fléien Serge Olmo.

13/10/2025 10h20 Virschau op Slowakei-Letzebuerg

Nodeem e Freideg laang mat 10 géint 11 gespillt gouf géint Däitschland bei der 0:4 Defaite, kann ee sech froen wéi de physeschen Zoustand vun de Roude Léiwen ass.
Den Dirk Carlson feelt haut gespaart, den Yvandro Borges Sanches ka, wéi géint Däitschland, aus Verletzungsgrënn net spillen mee den Danel Sinani ass zréck bei der Ekipp wat ganz wichteg ass nodeem hie gespaart war.
Iwwer déi 90 Minutten gouf zu Sinsheim gutt gekämpft mee spilleresch konnt een quasi näischt zielbares notéieren. Do wënscht sech den FLF President Paul Philipp haut en anert Bild.
Cut Paul Philipp
Et soll een näischt virwerfen an deem Sënn vum Asaz hier, vun der Solidaritéit hier, spilleresch, okay. Ech mengen mir hunn et net fäerdeg bruecht eng Aktioun ze weisen wou de Ball iwwer véier, fënnef Statioune gelaf ass. Also dat kann een och net soen mir hätten en e fantastesche Match gemaach. Mir hu gutt gekämpft, well mer dat hu missten, mee an engem richtege Fussballmatch stellen ech mer eppes aneschters vir.

D'Lokalselektioun ka sech nach fir WM qualifizéieren a brauch all Punkt.
D'Rout Léiwen dogéint sinn drop aus hiren éischte Punkt an der Campagne ze kréien géint eng Ekipp déi bei den zwee leschten Rendezvouser géint Lëtzebuerg mat Gléck gewonnen huet.
E Freideg hunn d'Slowaken verdéngt an Nordirland verluer. Den Nationaltrainer Jeff Strasser huet déi Partie ënnert d'Lupp geholl.

Cut Jeff Strasser
Natierlech hu mer och analyséiert wat d'Slowakei géint Nordirland gemaach huet, wéi si taktesch gespillt hunn, ob se eng aner Aart a Weis gespillt hunn, géint eng Ekipp Nordirland, déi vläicht och anescht optrëtt, an anere Spillstil hu wéi mir. Dat sinn ëmmer déi Analysen, déi mir als Trainer musse maachen, eis Schlussen dorausser mussen zéien. Mir wäerten de Match esou ze preparéieren a wéi mer och vläicht deen éischte preparéiert hunn.

Et ass eng ganz aner Situatioun wéi am September bei der onverdéngter 0:1 Defaite well do waren d'Slowaken an enger Euphorie nodeem si Däitschland geklappt haten. No der der Defaite vun de Slowaken an Nordirland ass d'Situatioun eng ganz aner. Den Mathias Olesen, deen zu Greuther Fürth spillt.
Cut Mathias Olesen

Jo, si hunn natierlech d'lescht Kéier géint Däitschland gewonnen, wou mer si duerno géint si gespillt hunn. An do, do mengen ech, ware si jo och vläicht e bësse midd vun deem Match. Si hunn alles ginn. An et war natierlech eng komplett Euphorie. An dann, jo, mir hunn awer richteg gutt dogéint gespillt. An och hat dee Match deelweis dominéiert. A mir haten, jo, e bësse méi Punkten do aus de Match huelen. Mee jo, do hu si verluer an  Nordirland. Mee ech mengen, si sinn dann nach méi motivéiert fir Punkte géint eis ze kréien.
Bei de Slowaken ass de wichtegen Stanilav Lobotka absent dëst wéinst Verletzung.

Bis elo goufe ronn 12000 Ticketen verkaf. Et ginn eng 100 Lëtzebuerger Supporter erwaart. Zu Sinsheim waren déi Lëtzebuerger Fans e richtegen 12. Mann géint däitsch Selektioun.