Vun e Freideg bis e Sonndeg gëtt den Handball grouss geschriwwen am Gymnase vun der Coque an dat bei gratis Entrée fir d'Spectateuren.
D'U-18 Nationalekipp spillt dräi Deeg hannerteneen an der Qualifikatioun fir d'EM 2026.
D'A Nationalekipp ass e Samschdeg an e Sonndeg am Kader vun der Qualifikatioun fir d'WM 2027 am Asaz an dat 2 Mol géint Lettland. 
De Serge Olmo kuckt no vir op den intensiven Handball Weekend.

29/10/2025 18h40 Handball Qualifikatiounen

D'Häre Nationalekipp huet um Samschdeg um 8 Auer deen éischte Rendezvous géint Lettland.  E Sonneg um Hallwer 7 ass de Retourmatch.
Et gouf am Januar 2024 schonn deen Duell.
Am Allermatch a Lettland gouf et eng Defaite mat 7 Goler Differenz.
Den 14 Januar 2024 war e wéineg en historeschen Dag well no engem geckegen Match hunn d'Rout Léiwen d'Situatioun gedréint fir mat 8 Goler d'Differenz ze gewannen. Déi Hürd gouf also gemeeschtert.
Am Verglach zu deenen Dueller ass d’Situatioun eng aner och well ee wichtege Spiller bei de Letten säin Comeback mécht an zwar den 2 Meter 15 groussen ex Champions League Gewënner Dainis Kristopans.
Dat mécht dem Nationaltrainer Maik Handschke e bëssen Kappzerbrieches.
Cut Maik Handschke
Dat ass jo déi grouss Onbekannten. Also ech kann mech elo net just op déi Matcher konzentréieren, déi ech schonn gekuckt hunn. Also ech muss elo den Faktor Kristopans natierlech och nach mat consideréieren am Attack an an der Defense. Si spillen schonn e ganz, ganz gudden Ball. 
Bei der Lëtzebuerger Ekipp wäert de wichtege Loïc Kaysen blesséiert feelen. De Yann Hoffmann ass no senger laanger Verletzung nach net zréck. Op der Pressekonferenz gëschter huet den Nationaltrainer Maik Handschke de Kader presentéiert an hien huet ënner anerem erkläert wisou den Diddelenger Aldin Zekan am finale Kader net zréckbehale gouf. 
Besonnesch wéinst dem Feelen vum Loïc Kaysen dierften munch aner Spiller am Réckraum méi Verantwortungen iwwerhuelen.
Een vun hinnen ass den Vincent Kreiselmaier deen zu Aurich an Däitschland spillt. Hien an d'Kolleegen gleewen un d'Victoire an hie gëtt seng Argumenter.
Cut Vincent Kreiselmaier
Mir passe richteg gutt zesummen. D'Atmosphär ass wierklech richteg gutt. Dat war och schonn an der leschter Campagne esou. D'Jongen entwéckele sech alleguer an hire Veräiner ëmmer weider. D'Qualitéit geet ëmmer méi erop. Wa mir dat weiderhin esou zesummenhalen da mengen ech och, datt d'Lette schlagbar sinn.D'U-18 Nationalekipp huet hiren 1. Rendezvous um Freideg géint Griicheland.
Um Samschdeg steet den Duell géint Finnland un.
De leschte Match ass géint a priori de stäerkste Géigner an zwar Nordmazedonien.
Griicheland misst dee Géigner sinn wou d'Chance reell dierfte sinn fir e Resultat ze maachen.
Et ware nach esou vill Spiller mateneen an Akademien am Ausland wat d'Sandra Flenghi, d'Responsabel vum Organisatiounscomité a Vizepresidentin vun der Federatioun optimistesch stëmmt.
Cut Sandra Flenghi
Mat deene ville, wou mer aktuell an den Akademien hunn, denken ech mer, dass scho wéinstens eis Astellung an déi Aggressivitéit déi een hannen an der Defense muss hunn international, déi déi dote Jongen e bëssen eng aner Astellung hunn, wéi dat wat mer bis dato kannt hunn.
Fir déi Lëtzebuerger Handballwelt soll et de Weekend méi sinn wéi just 5 Matcher; de Sandra Flenghi nees.
Cut Sandra Flenghi 2
Den CA a mäi President sinn dann och mengem Wonsch nokomm, fir dass mer dat gratis maachen, souwuel fir de 18 Matcher wéi och der Nationalekipp. Et soll en Handball Fest gi fir ganz Lëtzebuerg.
Bei den U-18 qualifizéieren sech déi 2 éischt vum Tournoi fir d'EM. Mat enger 3. Plaz kéinten déi jonk Rout Léiwen am Prinzip gutt liewen.