De leschte Weekend war déi 5. Editioun vum "Special Olympics Unified FLF Airdome Cup".
Special Olympics Athleten aus Lëtzebuerg, der Belsch, Frankräich an Däitschland hunn deemno zu Monnerech am Dom mat hiren Partner un engem inklusiven Fussball-Tournéier deel geholl.
Um Samschdeg waren esouwuel den Nationaltrainer Jeff Strasser wéi de President vun der FLF Paul Philipp present fir Impressiounen vum Turnéier mat ze kréien.
D'FLF probéiert d'Partenariat mat de Special Olympics net nëmmen am Kontext vun dësem internationalen Turnéier ze gesinn mee et soll eppes méi Reegelméisseges sinn. Den FLF President Paul Philipp: "Wann een d'Begeeschterung gesäit vun de Spiller respektiv vun de Spillerinnen, wéi gesot, da gëtt et engem waarm ronderëm d'Häerz. Dat ass evident. Mir versichen och eis Kooperatioun mat Special Olympics esou ze gestallten zum Beispill wat d'Uniformen alles ubelaangt, ze ënnerstëtzen. An nach vun Zäit zu Zäit, wann Datum et erlaben, dass mer den een oder anere Training, ob dat vun eiser Ekipp oder vun eiser U21, mat hinnen zesummen organiséieren."
Vu datt et schonn déi 5. Editioun ass kann ee sech virstellen datt dëst zu enger laanger Traditioun wäert ginn. D'Sportler mat enger intellektueller Beanträchtegung hunn den Turnéier jiddefalls genoss. De President vun Special Olympics Lëtzebuerg Roberto Traversini kann sech eng reegelméisseg Zesummenaarbecht mat der FLF absolut virstellen: "Dat wier ze hoffen. Ech mengen awer, datt mer um gudde Wee sinn, well mer schonn e puer Joer hannertenee lo hei dat hei mat der FLF zesummen organiséieren. An et ass genau dat, wat mer amgaang sinn ze sichen, mat de Federatiounen Eventer zesumme mat eis Sportler ze organiséieren. Mir hunn am Fong geholl iwwerall, wa mer mat de Federatioune schwätzen, d'Dieren op."
Bei de Special Olympics Kompetitiounen ass d'Gewannen net onbedéngt dat primäert Zil mee et ass awer och bei den Athleten an Partner en eng supplementar Motivatioun fir u seng Limitten ze goen.
Den Olivier Schons, Trainer vun de Special Rout Léiwen weess datt d'Gewannen nawell e Moto ass fir alles ze ginn: "Gewanne steet net an éischter Stell mee si sinn éiergäizeg a si wëlle gewannen. Den Trainer léisst sech vum Éiergäiz ustiechen. Fussball ass e Sport mat Emotiounen, Häerz a Séil. Meng Spiller hunn dat all. Ech sinn houfereg well et muss een emol an d'Halleffinall kommen."
An der ugeschwatener Halleffinall gouf et eng 0:3 Defaite géint de spéidere Gewënner ASA-Handicomtois aus Frankräich. Wann een den Asaz vun de Special Olympics Athlete gesäit da kann ee dovun ausgoen datt d'sportlech Aktivitéiten, an an dësem Fall de Fussball, eng wichteg Plaz am Alldag hunn. Den Emmanel Costa Silva confirméiert: "Fussball war ëmmer wichteg. Ech hat Fussball gespillt an dat vu klengem un schonn an ech spillen och oft dobaussen Fussball net am Training mee oft mat Kolleegen dobaussen och an d'Training ma mer zweemol an der Woch."
Och wann et keng Victoire fir d’Léiwe gouf war et eng ganz flott Aventure. Jiddereen huet sengen Méigkeeten no säi Maximum ginn. Den Tiago Marques Martins huet keng Regreten: "Mir hunn eis Bescht gemaach mee si hunn besser gespillt a mir probéiert eist Bescht ze ginn mee si hunn ee Gol gemaach."
D'ASA-Handicomtois konnt sech an der Finall mat 1:0 géint Hannover 96 behaapten no enger ganz spannender Partie. D'Special Rout Léiwen koumen ënner 10 Ekippen op déi 3. Plaz.