
1 Mol de Mount ass dës Platz reservéiert fir de Magasinn vum Team Lëtzebuerg. Déi nächste Woch ass e wichtege Rendezvous fir d'Ekipp vum COSL. Dann ass nämlech de Festival Olympique de la Jeunesse Européenne. Team Lëtzebuerg ass do mat enger relativ grousser Delegatioun vertrueden. De Rich Simon huet Detailer.
17/07/2025 Team Lëtzebuerg Magasinn 18h40 Simon
Dëst Joer si 15 Sportaarten zu Skopje vertrueden. Déi Lëtzebuerger Delegatioun ass mat 28 Sportler mat dobäi. An dat am Schéissen, dem Dëschtennis, Taekwondo, Schwammen, Liichtathletik, Badminton, Cyclissem, Judo an Turnen. D'Spiller fänken e Sonndeg un an dauere bis den nächste Samschdeg.
Am meeschte gelies