Broschtkriibs ass den heefegste Kriibs bei de Fraen. Zu Lëtzebuerg kréie méi wéi 500 Fraen all Joer dës Diagnos.

Am Top Aktuell schwätze mir dës Woch iwwert de Broschtkriibslaf deen de 7. Oktober ëm 10 Auer am Hesper Park, dee vun Europa Donna Lëtzebuerg organiséiert gëtt.

D’Zil vun EuropaDonna ass et d’Leit fir d’Preventioun géint de Broschtkriibs ze sensibiliséieren. Eng wichteg Preventiounsmoossnam ass d’Aluedung fir d’Mammographie déi vum Gesondheetsministère all zwee Joer u Frae vu 50 Joer u geschéckt gëtt.

Europa Donna hëlleft dozou och Fraen déi u Broschtkriibs erkrankt sinn oder waren.

Melld Iech un op broschtkriibslaf.lu oder gitt op Europadonna.lu.

Top Aktuell - EuropaDonna 02.10.2023
Top Aktuell - EuropaDonna 03.10.2023
Top Aktuell - EuropaDonna 04.10.2023
Top Aktuell - EuropaDonna 05.10.2023
Top Aktuell - EuropaDonna 06.10.2023
RTL