Den ULT Light-Programm huet fir jiddereen eppes

Kennt Dir schonn d’Light-Reesen vun der ULT? Och do kritt Dir dat gewinnten ULT Rundumsorglospaket mee am Baukasten-Prinzip!
Wat genee dat ass, wéi et funktionnéiert a bei wéi enge Reesen een dat buche kann erklären eis hei d’Lydia Heinisch, den David Lentz an d’Catherine Havé am Top Aktuell. An der Valiss hu si och dës Kéier erëm eng ganz Panoplie u flotten a verschiddene Reesen.
Lauschtert dës Woch ganz besonneg gutt no, wëll nëmmen dës Woch kritt Dir super Offeren op eng ganz speziell Rees vun der ULT!
Buche kënnt Dir all d'Reese vun der ULT an alle Reesagencë vun We Love To Travel, Emile Weber, Voyages Flammang an CFL Evasion oder kuckt op ult.lu.
A wann Dir elo d'Reess an Zypern mat der ULT vum 12. November - den 19. November bucht kritt Dir eng Remise vun 150 € op de Kapp - dofir maacht Iech bäi !