De Familljeministère, zesumme mat der Agence du Bénévolat, hëlleft Ärem Veräin fir Är Statuten un dat neit ASBLs-Gestz unzepassen.

Viru ronn 3 Joer gouf dat neit ASBLs-Gesetz vum Justizministère an der Chamber gestëmmt. D’Veräiner hunn nach bis de September d’nächst Joer Zäit fir hir Statuten unzepassen.

Et ass awer net ze fréi fir dat lo schonn ze maachen.

De Familljeministère, zesumme mat der Agence du Bénévolat, ass dofir tëscht dem 30. Abrëll an dem 6. Juni op 6 Plazen uechter d’Land ënnerwee fir d‘Veräiner dobäi ze ënnerstëtzen an hinnen ze hëllefen hir Statute richteg opzestellen.

All d‘Informatiounen iwwer d’Versammlunge fannt Dir op www.benevolat.lu

Hei fannt Dir och déi wichtegst Ännerungen aus dem Gesetz als Video an als Text, e Modell fir d’Statuten opzestellen, an d’Datumer vun deenen nächste Formatiounen.

Dir sidd interesséiert Iech ze engagéieren a sicht no enger Missioun déi bei Iech passt oder Dir sidd e Veräin a sicht Verstäerkung? Dann informéiert Iech op www.benevolat.lu

Top Aktuell 29.04.2024 - Agence du bénévolat & Familljeministère
Top Aktuell 30.04.2024 - Agence du bénévolat & Familljeministère
Top Aktuell 01.05.2024 - Agence du bénévolat & Familljeministère
Top Aktuell 02.05.2024 - Agence du bénévolat & Familljeministère
Top Aktuell 03.05.2024 - Agence du bénévolat & Familljeministère