Den 9. Mee ass Europadag
Fest ronderëm d'Demokratie um Kierchbierg

D'Event ass gratis a gëtt vun der EU-Kommissioun Lëtzebuerg organiséiert.
Dës Woch am Top Aktuell - Schwätze mer iwwert den Europadag den 9. Mee um Kierchbierg!
Dëst Fest ronderëm d'Demokratie an eis gemeinsam Wäerter ass gratis, mam Zil jidderengem Europa méi no ze bréngen. Lauschtert bis eran, an héiert wat wat bei dësem Gratisevent alles um Programm steet. Kommt einfach den 9. Mee bis bei d’Europaparlament laanscht, gutt mam Tram ze erreechen, um Tramsarrêt Europaparlement.
Lauschtert dës Woch all géint hallwer 5 RTL oder kuckt elo schonn op ec.europa.eu/luxembourg.
Top Aktuell - EU-Kommissioun 06.05.2024
Top Aktuell - EU-Kommissioun 07.05.2024
Top Aktuell - EU-Kommissioun 08.05.2024
Top Aktuell - EU-Kommissioun 09.05.2024
Top Aktuell - EU-Kommissioun 10.05.2024
Am meeschte gelies