Vins et Crémants Luxembourg ass och e Label fir Qualitéit

Ronn 3 Millioune Fläsche Lëtzebuerger Crémant ginn all Joer produzéiert.
An dësem Top Aktuell schwätze mir mat an iwwert Vins et Crémants Luxembourg.
An dëser Woch vum 23. September huet d'Drauwelies schonn ugefaangen, an trotz dacks schwierege Wierderverhältnisser kënne mir eis dank de fläissege Wënzer op e gudde Joergank freeën.
Mir gi gewuer wat et heescht "lëtzebuergesche Crémant" ze produzéieren, wat den Erfolleg vu Vins et Crémants Luxembourg ausmécht souwéi epuer Detailer iwwert de Produktiounsprozess.
Den leschte Weekend am November ass dann och d'Fête des Vins et Crémants um Glacis, den ideale Moment fir Lëtzebuergesch Wënzer an hier Wäiner kennenzeléieren.
All d'Informatiounen och op vins-cremants.lu.