An eise Wochenëmfro war Är Meenung gefrot zu zwee Hären, déi éischter negativ opgefall waren. Sou op alle Fall mol d'Resonanzen an de Medien a soziale Medien. Den ADR- Deputéierte Fernand Kartheiser huet eng gewëssen Aluedung Wouer geholl an huet  sech fir Gespréicher op de Wee op Moskau gemaach. An der Chamber gouf dëst kritiséiert an och d'Fraktioun vum Europaparlament zu där hie gehéiert war net begeeschtert an huet elo alles an d'Weeër geluecht fir hien auszeschléissen. Ma eng Visitt a Russland - gutt oder sënnlos? Wat mengt Dir?

31/05/2025 Wochenëmfro Fernand Kartheiser Russland 7h20

An de Lëtzebuerger Futtball-Spiller Gerson Rodrigues war dës Lescht haaptsächlech wéinst enger Geriichtsaffär an de Medien. Hie gouf och an zweeter Instanz wéinst Kierperverletzung an haislech Gewalt verurteelt. Elo soll hien awer weider fir déi rout Léiwen um Terrain stoen, wat bei deem engen oder aneren fir vill Opreegung suergt.

31/05/2025 Wochenëmfro Gerson Rodrigues 7h20