SIDOR - Ären Dreck geet eis eppes un!
De Gemengesyndikat lancéiert eng Sensibiliséierungscampagne ënner dem Motto "Mission Zero"
Wousst der schonn ?
- dass de Sidor e Gemengesyndikat ass, dee sech ëm de Räschtoffall aus de 34 Gemengen aus den Kantone Lëtzebuerg, Esch a Capellen bekëmmert?
- dass d’Campagne „Mission Zero“ vum SIDOR de Konsument an d’Betriber drop opmierksam soll maachen, dass zu Lëtzebuerg nach ëmmer zevill Offall produzéiert gëtt, och wann d’Zuele réckleefeg sinn?
- wéi dem SIDOR seng Anlag zu Leideleng, déi eenzeg Verbrennungsanlag fir Offäll hei am Land, fonktionnéiert?
- dass de SIDOR den Ament am Kader vun hierer grousser Sensibiliséierungscampagne „Mission Zero“ eng Roadshow duerch verschidden Akafszenteren am Land organiséiert?
Méi Informatioune kritt Dir des Woch op RTL Radio Lëtzebuerg an op www.missionzero.lu