Fir d'Feierdeeg: Domaines Vinsmoselle a Poll Fabaire
Entdeckt déi nei Gamme „Les Vignerons de la Moselle“ an déi vill priméiert Wäiner!
Wousst der schonn ?
- dass d’Domaines Vinsmoselle am November eng nei Gamme „Les Vignerons de la Moselle“ erausbruecht huet?
- dass d’Domaines Vinsmoselle elo fir d’Feierdeeg nët manner ewéi 15 verschidde Cuveeë Poll Fabaire am Assortiment huet?
- dass d’Jongwënzer aus den Domaines Vinsmoselle hier eege Gamme vu Wäiner hu mat engem individuelle, moderne Marketing?
- dass d’Domaines Vinsmoselle och dest Joer neess vill Medaillen op internationale Concoure krut, e.a. e Gross Gold fir de Gewürztraminer Vin de Paille 2018?
Des a méi Informatiounen kritt Dir des Woch op RTL Radio Lëtzebuerg an op www.vinsmoselle.lu.
A wann Dir d’Chance wëllt hunn, en Akaafsbong vun Domaines Vinsmoselle am Wäert vun 100 € ze gewannen, da schéckt eis en SMS mam Stéchwuert „Vinsmoselle“ op de 62468 (fir 50 Cent de Message). Vill Gléck!