5 Joer House of Training – Äre Partner fir d’berufflech Weiderbildung
Konsequenten Ausbau vun der digitaler Offer
Wousst der schonn...?
- dass d’House of Training, de Weiderbildungsinstitut vun der Chambre de Commerce an der ABBL, eng 900 Formatiounen ubitt, déi 24.000 Leit all Joer notzen, fir hir Kompetenze weider ze entwéckelen a sech den Ufuerderunge vun hirem Beruff an hierer Fonctioun unzepassen?
- dass d’House of Training wärend dem Confinement eng 100 „Cours à distance“ live iwwer Webex, Zoom oder Teams ugebueden huet, technesch a pädagogesch ugepasst?
- dass d’Offer vum House of Training all Joer iwwerschafft gëtt, en fonction vun de Besoinen vun de jeweilege Secteuren an Entreprisen an adaptéiert un d‘Tendenzen?
- dass d’House of Training a ganz villen ënnerschiddleche Beräicher aktiv ass an iwwer 900 verschidde Formatiounen ubitt, déi de Participant, den RH oder de Patron ka passend fir sech a seng Mataarbechter eraussichen?
D'Äntwerten op des Froe kritt Dir des Woch op RTL Radio Lëtzebuerg an op houseoftraining.lu