Entdeckt YDE.LU vun der Chambre des Métiers!
E Site, deen de Betriber hëlleft bei Themen wéi der Grënnung, dem Ausbau, der Digitaliséierung an der Transmissioun
Wousst der schonn ?
- dass all lëtzebuerger Handwierksbetrib an der Chambre des Métiers Member ass an domat Accès op all hir Servicer huet?
- dass d’Chambre des Métiers e verléissleche Begleeder duerch d’Kris ass a säin Service Yde ausgebaut huet, deen de Betriber hëlleft bei Themen wéi der Grënnung, dem Ausbau, der Digitaliséierung an der Transmissioun?
- dass d’Chambre des Métiers, nieft der Ënnerstetzung an der Kris, ënnert der Marque Yde eng Parti gratis Servicer fir d‘lëtzebuerger Handwierk ubitt?
- dass YDE vun der Chambre des Métiers nieft enger perséinlecher Berodung och nach vill praktesch Evenementer a Workshopen ubitt?
Méi Informatioune kritt Dir des Woch op RTL Radio Lëtzebuerg an op yde.lu.