Zesumme mam Ministère de l'énergie
Mam Ministère de l'énergie - MyEnergy - kënnt Dir Äert Doheem ganz einfach a gënschteg fit fir d'Zukunft maachen!
Wousst der schonn...?
- …dass den Energieministere an deene leschte Jore geziilt un der Attraktivitéit vu Solaranlage geschafft huet?
- …dass dir bei MyEnergy sämtlech Informatiounen iwwert d'Installatioun an d'Bedreiwe vun enger Solaranlag kritt?
- …dass eis Lëtzebuerger Bauerebetriber haut schonn oft hire Stroum mat Hëllef vu Solarenergie selwer produzéieren an esou e wichtege Bäitrag zum Klimaschutz leeschten?
- …dass dir mat Hëllef vu Solarenergie Äre Stroum selwer produzéiere kënnt souguer wann Ären eegenen Daach net dofir gëeegent ass?
Dëst a vill méi gitt Dir dës ganz Woch an eiser Rubrik "Wousst der schonn...?" gewuer oder och op myenergy.lu.