
Besicht de Produktiounssite a schmaacht hir Qualitéit!
Wousst der schonn ?
- dass dese Sonndeg 8. an e Méindeg 9. Mee déi grouss Porte Ouverte an der Bäckerei Jos a Jean-Marie op hirem Produktiounssite zu Mäertzeg ass?
- dass nom grousse Brand op Niklosdag d’lescht Joer, déi ganz Produktioun vun der Bäckerei Jos a Jean-Marie elo zu Mäertzeg nees dréint?
- dass Dir dese Sonndeg a Méindeg op der grousser Porte Ouverte an der Bäckerei Jos a Jean-Marie op hirem Produktiounssite zu Mäertzeg e.a. och hiert neit Miel aus dem Naturpark Uewersauer kënnt kréien?
- dass d‘Bäckerei Jos a Jean-Marie dese Sonndeg a Méindeg op hirem Produktiounssite zu Mäertzeg hir 20 Joer feiert?
Méi Informatioune kritt Dir des Woch op RTL Radio Lëtzebuerg an op jjm.lu.