Domaines Vinsmoselle - déi nohalteg Kooperativ!

Zu Stadbriedemes ginn 200 Joer Dicks gefeiert!
Wousst der schonn ?
- dass d’Filière vun der Nohaltegkeet bei den Domaines Vinsmoselle vum Wéngert bis an d’Glas agehal gëtt?
- dass den Edmond de la Fontaine virun 200 Joer op d’Welt komm ass a well hien als Buergermeeschter vu Stadbriedemes am heitege Schlass vun den Domaines Vinsmoselle gewunnt huet, brénge si elo eng Série Limitée zum Dicks sengen Eieren eraus?
- dass d'Domaines Vinsmoselle och dëst Joer nees vill Medaille vun internationale Concoure mat heem bruecht hunn?
- dass eis Wënzer de Rendement am Wéngert erof setzen fir esou hir Grand Premier Cru-Wäiner ze produzéieren?
Méi Informatioune kritt Dir des Woch op RTL Radio Lëtzebuerg an op vinsmoselle.lu