Kommt a kuckt den neie Showroom!

Wousst der schon ?

…dass Tubalux beschtens geriicht ass fir d’Rentrée, an dass et iwwert hire riisege Choix un Holz- Pellets- bis Bioethanoluewen natierlech och nees eng ganz Rei Neiheete gëtt ?

… dass Tubalux vergréissert huet? De Showroom ass elo iwwer 300 m2 grouss, wat natierlech heescht, dass nach méi Plaz ass fir all Sorte vu Kamäiner, Iewen, Bioethanoliewen, Barbequen, Kachmaschinnen an natierlech Neiheeten.

…dass Tubalux eng Neiheet am Sortiment huet, déi besonnesch fir den Hierscht esou richteg Stëmmung an äre Gaart oder op är Terrass bréngt.

... dass Tubalux och fir Niddregenergieheiser di richteg Léisung huet, wann et ëm e Kamäin oder eng Heizung geet? E grousse Choix, eng perfekt Berodung an eng fachmännesch Ausféierung si bei hinne garantéiert!

Den Detail kritt Dir dës Woch op RTL Radio Lëtzebuerg an op www.tubalux.lu .