Wichteg Initiativen am Partenariat mam Wirtschaftsministère

Wousst der schon ?

- dass securitymadein.lu e GIE ass, deen déi staatlech Initiativen CASES a CIRCL coordinéiert?

- dass CASES eng Initiativ ass am Partenariat mam Wirtschaftsministère, déi sech d'Promotioun vun Informatiounssécherheet fir Betrieber op de Leescht geschriwwen huet?

- dass CIRCL d'Oofkierzung ass fir Computer Incident Response Center Luxembourg, eng Initiative am Partenariat mam Wirtschaftsministère?

- dass BEE SECURE-Formatiounen an de Schoule mëttlerweil obligatoresch sinn an och soss ass BEE SECURE am Kanner- a Jugendberäich a Puncto Emgang mat de Kommunikatiounstechnologien enorm aktiv?

Méi Informatioune kritt Dir des Woch op RTL Radio Lëtzebuerg an op www.securitymadein.lu.