Informatiounsversammlungen an der Stad an zu Ettelbréck

Wousst der schon ?

- dass zu Lëtzebuerg Fleegefamille gesicht ginn?

- dass d'Aktivitéit Fleegefamill u verschidde Konditioune gebonnen ass?

- dass d'Aktivitéit Fleegefamill och fir Äer Liewensplanung kann a Fro kommen?

- dass d'Fleegekanner matt hierer eegener Liewensgeschicht an d'Fleegefamill kommen?

Méi Informatioune kritt Dir des Woch op RTL Radio Lëtzebuerg an den Office National de l'Enfance organiséiert och zwou Informatiounsversammlungen: nächsten Donneschdeg 16.6. an hierem Gebei um Verluerekascht an der rue Auguste Lumière an en Donneschdeg 7.7. zu Ettelbreck am Festsall vun der Gemeng.

Oder ruufft un op der gratis Telefonsnummer 8002 4848 oder surft op www.fleegefamill.lu!