"Fat Rat" vu BensheimRat bleift a Gulli hänken a gëtt Internet-Sensatioun

RTL Lëtzebuerg
Eng Rat zu Bensheim (D) a Südhessen hat sech bei der Gréisst vun engem Lach an engem Gulli, respektiv bei hirem eegene Kierpergewiicht e wéineg verrechent.

Dass Déieren um Internet an an de sozialen Netzwierker extrem beléift sinn a quasi all Kéiers Rekorder briechen, beweist alt nees e Fall aus Däitschland.

Zu Bensheim an Däitschland war nämlech eng Rat an eng relativ blöd Situatioun geroden, wéi se aus der Kanalisatioun wollt klammen. D’Déier ass nämlech hei an engem Lach vun engem Gulli hänke bliwwen a koum net méi vun eleng eraus.

© Facebook Berufstierrettung Rhein Neckar

Ma déi ganz Geschicht huet zënter e Méindeg séier d’Ronn gemaach, dat nodeems d’Pompjeeë vu Bensheim Fotoe vum Asaz op hirem Facebook-Site gepost hunn. Séier war d’News iwwer déi däitsch Grenz ewech zirkuléiert a gouf souguer vu BuzzFeed News oder der BBC opgeholl a Milliounen un Likes a Klicks kritt.

Iwwregens konnt d’Rat vun de Beruffspompjeeë gerett ginn a konnt direkt nees weiderlafen.

Back to Top
CIM LOGO