Dräi Deeg no AccidentRetter fanne verstéierte Mupp op däitscher A4

RTL Lëtzebuerg
No engem Accident mat e puer Gefierer war den Hond fortgelaf. Deeglaang gouf et keng Spuer vun ëm, bis e Chauffer d'Déier bei der Leitplank entdeckt huet.

Dräi Deeg nom Accident op der Autobunn zu Hessen gouf de Mupp blesséiert bei der Leitplank fonnt. En Automobilist, deen am Stau stoung hat den Hond bemierkt an d’Autobunnspolice informéiert. D’Polizisten an d’Pompjeeë konnten de verstéierte Véierbeener schlussendlech bei der “Asbachtalbréck” afänken.

De Mupp, e Rhodesian Ridgeback, war leschten Donneschdeg no engem Accident mat enger Rei Autoe fortgelaf. E weideren Hond war vun den Autoen ugestouss ginn an op der Autobunn verstuerwen.

De Besëtzer vum vermësste Mupp huet deeglaang nom Déier gesicht. Och eng Sich mat enger Drone an enger “Wärmebildkamera” an der Géigend vum Accident hat kee Resultat bruecht.

E Sonndeg am Nomëtteg hat de Chauffer aus dem Stau gemellt, datt en Hond bei der mëttelster Leitplank leie géing. D’Proprietärin, déi am Bësch an der Géigend nach ëmmer no hirem Mupp gesicht huet, konnt d’Déier der Police no iwwerglécklech nees an d’Äerm huelen. De Véierbeener koum direkt an d’Déiereklinick.

Back to Top
CIM LOGO