SpuenienRisege Mound-Fësch entdeckt an analyséiert

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 3 Meter grouss an iwwer eng Tonn schwéier ass dëst Déier, wat virun der spuenescher Küst vu Ceuta, eng Enclave bei Marokko, entdeckt gouf.
Ganz groussen a ganz schwéiere Moundfësch
D’Déier vun iwwer enger Tonn an iwwer 3 Meter gouf viru Ceuta gefaangen, gewien, analyséiert an nees fräigelooss.

Fuerscher hunn et “gefaangen”, gewien, kuerz analyséiert an nees fräigelooss. D’Weie war awer e bësse méi komplizéiert, well d’Wo vum Boot net fir d’Gewiicht vum Déier ausgeluecht war.

De Mound-Fësch gëllt als vulnerabelt Déier, well seng Populatioun ëmmer weider erofgeet. D’Fëschen ass an der EU awer verbueden, an Asien dogéint gëllt de Fësch als Delikatess.

Back to Top
CIM LOGO