ThailandRoboter-Hond verdeelt Desinfektiounsmëttel am Shoppingzenter

RTL Lëtzebuerg
E gesäit bëssi esou aus wéi een Hond an e behëlt sech esou. Wéi ee klenge Mupp kënnt en op een duergelaf, mat Desinfektiounsmëttel um Réck.

De klenge mechaneschen Hond gouf K9 gedeeft a soll am Deconfinement de Leit an engem Shoppingzenter zu Bangkok hëllefen, un d’Hygiènesmesuren ze denken. Um Réck dréit en eng Fläsch mat Desinfektiounsmëttel, déi d’Leit benotze sollen. De Roboter zitt vill Aen op sech a virun allem d’Kanner si begeeschtert.

Donieft ginn et nach dräi aner Zorte vu Roboter am Akafszenter: deen een heescht LISA a renseignéiert d’Clienten, deen aneren heescht ROC an hëlt d’Féiwer an den drëtten ass de PP, deen d’Leit opkläert.

Et ass awer net jidderee begeeschtert. Verschiddener fannen déi schwaarz Këscht op 4 Been grujeleg, och wann et eng gutt Iddi ass, fir drun ze denken, d’Hänn ze wäschen.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO