
De Schott Dean Nicholson ass den 1. September zu Dunbar a Schottland mat sengem Vëlo fortgefuer. Säin Zil: Mam Drotiesel d’Welt entdecken. Hie war eleng an op sech gestallt. Ma 3 Méint an 9 Länner méi spéit, gouf hien a Bosnien opgehalen.
Eng kleng Kaz huet miaut, datt et engem d’Häerz gebrach huet. An d’Déier ass dem Dean och nogelaf, fir seng Opmierksamkeet ze kréien. 12 Meile war et bis an dat nächst Duerf a si war esou zoutraulech, datt se wuel u Mënsche gewinnt war. Et gouf also just eng Konklusioun fir den Dean. De fréiere Besëtzer huet dat aarmt Déierchen einfach ausgesat.
Also huet hien der Kaz, déi en Nala gedeeft huet, eppes z’iesse ginn an huet e Stopp mat hir beim Veterinär ageluecht. Do gouf festgestallt, datt d’Déierche knapp 7 Wochen al ass. D’Nala gouf gehippt, geimpft a krut eng Wuermkuer. Du war et och decidéiert: Aus 1bike1world gouf 1bike1kitten1world, déi kleng Kaz sollt elo als Begleeder vum Dean Nicholson d’Welt gesinn.
Et goung weider, mam Nala op der Schëller oder am klenge Kuerf vir um Vëlo. Ënnerwee gëtt sech ëmgekuckt an awer och gespillt, gerascht a gekuschelt.
E Stopp gouf et dunn awer nach fir d’Nala. Hat huet bei engem Veterinär misste steriliséiert ginn. A well grad kee Plastik do war, fir hat um Lecke vu senger Wonn ze hënneren, gouf einfach emol en alen Hutt ëmfonctionnéiert.
Fotoe a Storye vun der Rees fannt dir um Instagram-Account “1bike1world”. Hei léist den Dean d’Welt u sengen an dem Nala sengen Aventuren deel huelen. Ëmmerhin huet d’Säit aktuell schonn iwwer 334.000 Follower. Do ginn et och vill Fotoen a Video vun der Rees a wéi hien d’Nala fonnt huet.
Fir seng Rees weider maachen ze kënnen, huet den Dean Nicholson eng Säit opgemaach, wou Leit hie kënnen ënnerstëtzen an e puer Sue spenden. “Nala’s Travel” heescht dës Säit op “Go fund me”, wat d’Zil huet, datt d’Nala d’Welt gesäit an nees sécher heem a Schottland ka kommen.
Nieft dem Nala huet den Dean awer och engem klenge Mupp d’Liewe gerett. Dëse gouf Balou gedeeft. De Mupp gouf opgepäppelt an et hu sech léif Leit fonnt, déi hien adoptéiert hunn.