Gratis BarbecueSchwäi vum Himmel gefall an am Pool vu Villa gelant

RTL Lëtzebuerg
Wat mécht ee wann op eemol en doudegt Schwäin vum Himmel fält an an dengem Pool lant? Du frees dech iwwer e gratis Barbecue. Sou geschitt an Uruguay.
© AFP Archivbild

Onbekannter hunn do en doudegt Schwäin an de Pool vun engem räichen Entrepreneur gehäit. De Video zu der ongewéinlecher Dot gëtt ewell massiv am Internet gedeelt. Ze gesinn en Helikopter, deen iwwer d’Villa flitt, ier d’Déier eroffält an duerno an d’Waasser vum Pool klatscht.

Wien dat elo makaber fënnt... Den argentinesche Geschäftsmann war zu deem Zäitpunkt mat senger Famill doheem. Si wiere gutt erféiert duerch de Kaméidi, ma nodeems si d’Schwäin am Pool gesinn hätten, hu si et erausgezunn, gegrillt a giess.

De Virfall am exklusive José Ignacio, ëstlech vun der Haaptstad Montevideo, gëtt vun der uruguayescher Loftwaff ënnersicht. Nach steet nämlech net fest, ob et eng Strofdot ass oder e Verstouss géint d’Virschrëfte vum Fluchverkéier.

De Räiche-Quartier José Ignacio
De Räiche-Quartier José Ignacio

Back to Top
CIM LOGO